Wëllkomm!

WAT LEEFT

KENG EVENEMENTER AM MOMENT

NÄCHST SESSION AN

24apr18:0020:00Nordblock Session18:00 - 20:00


WËLLKOMM!

Du wëlls klammen oder has schonn ëmmer Loscht dozou?

Da bass Du hei genau richteg!

Mir sinn e Klammveräin matten am Häerz vun den Ardennen, mat Sëtz an der Gemeng Wooltz.

Als Éisleker Klammveräin traineiere mir an eiser eegener Boulderhal zu Wooltz an organiséieren Klammsessions an der Sportshal vum Lycée du Nord zu Wooltz.

Natierlech ass den Éisleker Klammveräin och an der Klamm-Féderatioun vu Lëtzebuerg vertrueden.

Als Klammveräin engagéiere mir eis, de Klammsport an all senge Facetten ze förderen an d’Communitéit vun de Klammbegeeschterten an eiser Regioun weider ze etabléieren.

Vum klenge Butz bis zum Senior, jidderen ass bäi eis wëllkomm.

DEN ÉKV AN DEN NORDBLOCK

Op dëser Säit fannt Dir all Informatiounen iwwert den Éisleker Klammveräin an och iwwert den Nordblock. Hei d’Iwwersiicht iwwert di eenzel Menüpunkten

  • Nordblock: Alles iwwert eise Bouldergym
  • Aktivitéiten: Eis nächst Klamm- a Bouldersessions
  • De Veräin: Alles iwwert den Éisleker Klammveräin
  • Member Ginn: Wann Dir Member- oder Éieremember wëllt ginn…
  • Kontakt: Hu dir eng Fro, ma da schreift eis…

An elo wënsche mir Iech vill Spass op eiser Säit.

De Comité vum ÉKV