MEMBER GINN

MEMBER GINN

Gären huele mir nei Memberen an eisem Veräin un, den elo schonn aus em di 100 engagéiert Membere besteet. All eis Membere kommunizéieren iwwert eng intern App, wou d’Membere Zougrëff drop hunn a sech fir Klammsessions aschreiwe kënnen. 

Awer och Net-Membere kenne bäi eis an de Nordblock bouldere kommen. Dëse „Schnuppercours“ kascht 5€ Entrée a wann e sech entscheet, fir duerno Member ze ginn, da ginn des 5€ vun de 50€ fir d’Joreskaart ofgehalen.

Fir de Schnuppercours mellt Iech heifir beim Comitéë (iwwer Messenger, eis Kontaktufro op der Websäit oder Mail comitee@ekv.lu), fir datt mir mat Iech en Datum ausmaachen an Iech eng Platz an eisem Nordblock reservéiere kënnen. 

EIS MEMBERSKAART

Schnupperkurs fir am Nordblock ze boulderen5€
Fir Memberen ënner 6 Joergratis
Fir Memberen ab 6 Joer50 € / Joer
Fir Éierememberen30 € / Joer

MEMBEREN ËNNERT 16 JOER

Mir wëllen drop hiweisen, datt an der Reegel Memberen ënner 16 Joer nëmmen a Presenz vun engem Erzéiungsberechtegten un den Aktivitéiten an den Trainingszäiten deelhuele kann.

BOULDEREN

Jiddereen kann an duerf bäi eis als Member boulderen, et ass also keng Klammerfarung noutwendeg. Schong, Sportgezei a Spaass um Klammen ginn duer.

SEEL-KLAMMEN

Wien bäi eis am Veräin mat Seel klamme wëll, de muss noweise kënnen, datt en

  • mindestens eng 5A klammen kann
  • wéinstens e Sëcherungsgerät beherrscht (GriGri, …)
  • d’Grondreegelen vun der Kommunikatioun beim Klammen beherrscht
  • e Sécherheetsknuet maache kann
  • de Partner-Check maache kann


BÄITRËTTSFORMULAIRE

Hei kënnt Dir Iech de Formulaire eroflueden. Fëllt dëse wannechgelift aus a schéckt en eis sief et per Post oder per Mail erëm zréck. Di jeeweileg Adress fann Dir am Formulaire.




Bäi weider Froen kënnt Dir eis gäre kontaktéieren, sief dat iwwer de Kontaktformulaire oder iwwer Facebook.