NORDBLOCK (lu)

AM MOMENT NET ZOUGÄNGLECH

Aktuell ass de Nordblock just fir eis Memberen zougänglech. Informéiert Iech reegelméisseg op eiser Websäit oder op eiser Facebooksäit iwwert d’Ëffnungszäiten.

Mat beschte Gréiss,

De Comité vum ÉKV

NORDBLOCK

Zanter 2020 si mir houfrech doropper, mat der Ënnerstëtzung vun der Gemeng Wooltz eisen eegenen Bouldergym kënnen ze notzen an ze bedreiwen.

Op iwwer 100 m² ass fir all Boulderbegeeschterten eppes dobäi.

Eis iwwer 30 verschidde Boulderrouten ginn a réigelméissegen Ofstänn vu routineierte Leit nei geschrauft , esou datt et ëmmer eppes neies auszebouldere gëtt.

ËFFNUNGSZÄITEN

WochendagAuerzäit
Dënschdegs18:00 – 21:00
Donneschtegs18:00 – 21:00

AUSLAASCHTUNG

Hei kënnt Dir nokucken, wéi staark de Nordblock aktuell besicht ass…

RÈGLEMENT INTERNE

Wéi bäi all Aktivitéit ginn et och bäi eis Viraussetzungen a Regelen, fir kënnen bäi eis am Nordblock ze boulderen. Dat aktuellt Règlement interne vum Nordblock fannt Dir ënnert dem folgende Link.

WOU?

NORDBLOCK

35b, Am Pëtz

L-9518 Wiltz

    IMPRESSIOUNEN